Haut um 10. Oktober 2022 lancéiert d’ U.L.E.S.S. (www.uless.lu) offiziell de neie Label “Impact Luxembourg” mam Zil, de Gesellschaften, déi den Agrément “société d’impact sociétal” hunn, eng méi grouss Visibilitéit ze ginn.

Mat dësem Label gëtt all ‘”société d’impact sociétal”  elo och no baussen direkt erkennbar als e wichtegen Acteur vun der Lëtzebuerger Sozialekonomie. Sou ka jiddereen direkt gesinn, datt et sech ëm e Betrib handelt, deen aktiv dru matschafft, datt eis Gesellschaft méi solidaresch, méi nohalteg a méi equitabel gëtt, an deen dann och ganz bewosst ënnerstëtzen.

Am Grupp elisabeth hunn 3 Societéiten den Agrement SIS :

  • elisabeth4inclusion, déi eisen Duerfbuttek BEIM LIS geréiert
  • Yolande COOP, déi di 8 ateliers d’inclusion par le travail vum Grupp elisabeth geréiert ( www.yolandecoop.lu )
  • An d’Apollonia, déi d’Gestioun an d’Koordinatioun vun allen Entitéiten vum Grupp elisabeth mécht (www.elisabeth.lu )

 

Mir soen der U.L.E.S.S. e grousse Merci fir dës super Initiativ !

 

Leave a Reply