Dëst Joer steet di 3 Editioun vun den Adventsfënsteren um Programm.

 

Wann et elo ëmmer méi kal an donkel gëtt, ass een frou hei oder do e klengt Liicht ze gesinn, et ass een och frou eng Motivatioun ze hunn no baussen ze goen, dëst wëllen mir ënnerstëtzen an maachen mat bei der Adventsfenster 2022.

Mir sichen dofir 24 Leit, Familljen, Veräiner, Maison Relaisen, Butteker, Schoulen, Firmen, Institutiounen…, déi hei wëllen matmaachen an eng Fënster décoreieren.

All Fënster kritt eng Nummer vun 1-24, an all Dag geet eng Fënsterchen méi op

D’Fënster soll vun der Strooss aus gutt Siichtbar sinn

Et sinn Stëllfënsteren, dir décoreiert är Fënster an d’Leit spadséieren laanscht an kommen är Décoratioun kucken. Der Kreativitéit sinn keng Grenzen gesat op faarweg, besënnlech, dezent, alles ass erlaabt.

D’Adventsfënster soll wann se op ass all Dag tëscht 18.00 an 21.00 beliicht sinn. Sou kennen d’Leit sech vum 1.12 bis den 24.12 d’Fënsteren a Rou ukucken kommen. Bsp: Wann dir d’Fënster Nr6 sidd vum 6.12 dann ass är Fënster ab deem Dach all Dach vun 18.00-21.00 beliicht. Schein wier et wann d’Fensteren all bis den 30.12 décoreiert bléiwen.

Eng Lëscht mat den Nummeren an Adressen weieng Fënster wei een Dag opgeet kennt Enn November eraus

Déi Leit di sech wëllen umellen kennen dat mat engem Mail op moien@beimlis.lu oder op der Nummer 691719013 per SMS/Uruff

Hu dir nach Froen oder braucht eng kleng Hëllef, zeckt net a mellt iech bei eis

Leave a Reply