Léif Clienten,
Léiw Fournisseuren,
Léif Frënn vum Duerfbuttek,
Mir mussen Iech leider matdeelen, datt e vun eise Mataarbechter positiv op Covid -19 getest ginn ass. Dofir si mir elo all virsiichtshallwer a Quarantaine. Mir sinn awer zouversiichtlech, datt mir de nächste Méindeg, den 22. Februar, nees kënne fir Iech do sinn.
Et deet eis immens Leed, dat mir elo eng Woch mussen zoumaachen, mee d’Sécherheet an d’Gesondheet vu jiddwerengem sinn dat Allerwichtegst.
Mir hoffen op Äert Versteesdemech.
Villmools Merci a bis geschwënn
Är Equippe vum Duerfbuttek Beim Lis