Duerfbuttek

„beim Lis“ fannt Dir nieft frëschem Brout, Uebst a Geméis, 7 Deeg op 7 e komplett Sortiment u Liewensmëttel an Drogerieartikelen, eng grouss Offer u regionalen a Fairtrade Produkter, grad esou wéi Artikelen, déi aus den Ateliere vum Grupp elisabeth oder aus aneren Ateliers protégés kommen. An Dir gitt beschtens bei eis zerwéiert :-).

Eis Missioun

Eis Missioun

Den 30. Juni 2017 ass eis Gesellschaft “elisabeth4inclusion”, déi den Duerfbuttek geréiert, als eng vun den éischte Gesellschaften hei zu Lëtzebuerg als “société d’impact sociétal” (SIS) agreéiert ginn. Dësen Agreement (N°2017-03) hu mir kritt, well e ganz wichtegen Aspekt vum Duerfbuttek ass, Ausbildungs- an Aarbechtsplazen ze schafe fir Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung. De Buttek ass ideal fir hinnen ze hëllefen um normalen Aarbechtsmarché Fouss ze faassen, méi autonom ze ginn an sech esou méi liicht an d’Gesellschaft ze integréieren.

Datt dat hei zu Rued esou gutt klappt ass och Äre Verdéngscht. Mir si richteg frou schonn eng ganz Partie Stammklientë ze hunn. Fir den Agreement SIS ze behalen, wourop mir grousse Wäert leeën, ass eng vun eisen Oplagen de Benefice vum Duerfbuttek integral ze reinvestéiere fir dës Aktivitéit weider ze entwéckelen.

Wéi Dir sécher scho gemierkt hutt, sinn eis Präisser ganz kompetitiv, an dorunner soll sech och an Zukunft näischt änneren. Mir brauchen also virun allem Ëmsaz, an do ziele mir weiderhinn fest op Iech. Well un Iddien, wéi mir de Buttek virun entwéckelen an eist Sortiment fir Iech nach méi attraktiv maache kënnen, feelt et eis net. Awer et feelt ganz secher un Léier- an Aarbechtsplaze fir Leit mat Handicap.

Mir hoffen, Dir gesitt et grad esou wéi mir an hutt elo nach en Argument méi, fir gären a regelméisseg bei d’Lis akafen ze kommen.

Eis Equipe

1
Susana Isanta Martins, Responsabel – Duerfbuttek

Dir sicht e léiwe Kaddo ?

Oder wëllt Dir e vun Äre Bekannten op den Duerfbuttek opmierksam maachen? Bei eis fannt Dir elo och Akafsbongen, mat engem Wäert vun 10, 25 oder 50 EUR. Si bleiwen e ganzt Joer gülteg an si gëlle fir alles, wat et am Buttek ze kafe gëtt. Zeckt net, a frot an der Keess dono.

Zesumme mat engem perséinleche Wuert op enger vun eise flotte Kaarten, déi am atelier protégé mat vill Léift gemaach ginn, ass d’Freed bei dem, den e kritt, nach eng Kéier sou grouss. An Dir ënnerstëtzt domadder eng gutt Saach : ).

Galerie photos

Neiegkeeten

DuerfbuttekNeiegkeeten
25 September 2019

ONLY – All eis Bananen si Fairtrade

ONLY 100% Fairtrade and Organic Bananas An eisem Duerfbuttek kritt Dir dat ganz Joer iwwer…
DuerfbuttekDuerftreffNeiegkeeten
20 March 2019

Eis nei Fairtrade Téi-Selektioun: si deet richteg gutt!

Den 20. Mäerz hunn de Jean-Louis Zeien, Präsident von der NGO Fairtrade Lëtzebuerg an de…
DuerfbuttekNon classé
13 November 2018

Eis Corbeillen – e schéine Kaddo fir Är Léifsten

Op Commande preparéiere mir Iech gären ganz schéi Kaddoscorbeillen. Kléng oder méi grouss, ëmmer mat…

Fir eis ze fannen

7, rue de la Gare
L-6910 Roodt-Syre
Luxembourg

Tel. 43 75 15-1
Fax. 43 75 15-99
epicerie@beimlis.lu