Eisen Äppelpunch ass ouni Alkohol a schmaacht och de Kanner. E wiermt wonnerbar no engem Spadséiergank . Oder nom Schnéimännche bauen. Oder Schlitt fueren : ))

Dir kënnt en gutt am Viraus kachen, a schéi Fläschen offëllen, a verschenken oder selwer genéissen. E gëtt just nees duus opgewiermt – an da wiermt e vu bannen!

 

Fir 2 Liter braucht Dir dat heiten:

1 l Waasser
6 Téiläffel Téi mat Friichten
2 Bio-Orangen (Schuel gëtt matgekacht)
5 Neelcheskäpp
2 Staangen Kanéil
1 l Viz
kann, mee muss net: Zocker oder Hunneg fir ze zerwéieren

 

E grousst Dëppen mat Deckel

Preparatioun : 15 Minutten

Als 1. mat 1 l Waasser den Téi preparéieren an zéie loossen, sou wéi op der Verpackung steet.
D’Orange an Tranche schneiden an d’Neelcheskäpp drapicken . Di 2. Orange ausdrécken an de Jus bei den Téi dobäi schëdden. Duerno kënnt de Viz, d’Orangentranchen mat den Neelcheskäpp an d’ Kanéilsstaangen dobäi.
Oppassen: Ab elo däerf et net méi kachen
5-10 Minutten zéie loossen, an duerch e Sift an Tasen, resp. a Fläschen afëllen.

Wann dir Loscht hutt ze experimentéieren, hei e puer Iddien:

– e puer kléng Stécker frëschen Ingwer matkachen, dann hëtzt de Punch nach besser!

– de Goût variéiere mat Zitroun, oder aner Gewürzer bäimëschen , wéi z.Bsp Stärenanäis, Kardamon

A wie gären am Téi fësche geet, kann och Korinthercher matkachen, oder e puer Stéckelcher Apel dra schwamme loossen. Granatapelkäre gesinn och schéin dran aus.

Pur, oder mat Zocker oder Hunneg zerwéieren. An d’Angel fir ze fëschen net vergiessen!

 

Leave a Reply