Op Commande preparéiere mir Iech gären ganz schéi Kaddoscorbeillen. Kléng oder méi grouss, ëmmer mat gudde Saache gefëllt. Wann Dir eis sot, wat dee léiwe Mënsch, den d’Corbeille geschenkt kritt, gären huet, da wësse mir, wat dobäi passt a fëllen d’Corbeille ganz an dem Thema.

NEI AN ZESUMMENAARBECHT MAT DEM CPP VU BETZDER

An eiser Schräinerei hunn eis Jonk dës zolidd “Männerhandtasche” entworf a gebaut.  En déck praktesche Kaddo fir de Kleeschen oder, firwat net, den Houseker. Awer da muss en och ganz, ganz  léif sinn, an d’Kanner net fäerten doën 😉

A wann alles gefrupst ass, ass et di ideal Transportmethod fir 6 Fläschen, well si huet e ganz stabille Grëff. Och tipptopp am Summer fir den Service am Gaart oder op der Terrasse. E Kaddo dee ganz laang Freed mécht!

Och fir Är Tombolas-Corbeillen si mir gäre fir Iech do.