Mir lueden Iech heimat häerzlech op den Chrëschtmaart vun der Gemeng Betzder an.
Maacht en Tour iwwert de Maart mat sengen villen flotten Stänn, dëst am Schoulhaff zu Roodt/Syr.
Dir kënnt net nëmmen eng helle Wull un Produite vun verschiddenen Associatiounen, Organisatiounen an der Schoul kafen, mee et ass och beschten ‘s fir Iessen an Drénken gesuergt.
Dëst Joer gëtt et um Chrëschtmaart och e kulturelle Programm, wou an enger festlecher Ambiance eng ganz Rei Kënschtler optrieden.

Freideg: op vun 16:00 bis 21:00 Auer
16:00 Auer – Feierlech Erëffnung vum Chrëschtmaart
17:00 Auer – Kannerchouer vun der regionaler Museksschoul Gréiwemaacher
18:00 Auer – Optrëtt vun der Ouljer Musek
Samsdeg: op vun 14:00 bis 21:00 Auer
15:00 bis 18:00 Auer – De Kleeschen kënnt (d ’Kanner aus der Gemeng kréien e klenge Kado)
18:30 bis 20:30 Auer – „Revival Band“ mat schéine Lidder passend zu der besënnlecher Zäit
Samsdeg: op vun 12:00 bis 20:00 Auer
12:45 Auer – Optrëtt vun der Menster Musek
14:00 Auer – Blechbléiser vun der Luxemburg Philharmonia
17:00 Auer – Janine unplugged Duo – Live Musek passend zur Chrëschtzäit

Benotzt w.e.g. sou vill wéi méiglech den ëffentlechen Transport fir op den Chrëschtmaart ze kommen.

 

Leave a Reply