Léif Client’en,

Eise Bilan fir d’Joer 2021 ass fäerdeg, a mir sinn immens stolz, datt mir ganz no un engm equilibréierten Resultat konnten ofschléissen. Dat ass ëmsou méi erfreelech, well mir jo eng “société d’impact sociétal” sinn, an eng vun den Oplagen aus eisem Agrément doranner besteet all Euro, deen am Duerfbuttek verdingt gëtt erëm integral ze reinvestéiere fir dës Aktivitéit weider ze entwéckelen. Well et feelt ganz sécher nach u Léier- an Aarbechtsplaze fir Leit mat Handicap. Mir soen Iech all e grousse Merci , datt Dir sou trei zou eis stitt an eis ënnerstëtzt, fir datt mir weiderhi genuch Ëmsaz maache fir eist Engagement weider ze féieren.

Mir haten am Joer 2021 iwwert 2.400 verschidden Artikelen zur Wiel, dovunner waren der 309 zertifiéiert Bio-Produkter.  Am ganzen hu mir 2021 bal 96.000 Keesenticketen ausgedréckt. Och konnte mir eis Kolleegen aus deene verschiddenen “Ateliers d’inclusion professionnelle“, wéi zum Beispill d’Yolande COOP, gutt ënnerstëtzen, well 11,83 % vun eisem Chiffre d’Affaires sinn duerch de Verkaf vun hire Produiten entstanen. An trotz deene méi schwierege Konditiounen duerch d’Pandemie, konnte mir awer Leit mat Handicap 60 Stonne Stage an eisem Duerfbuttek erméiglechen.

An dat alles sou kuerz virun eisem 5. Gebuertsdag ! Do komme mir jo richteg a Feierlaun!

Vive eis Clienten ! Vive eisen Duerfbuttek !

 

 

 

Leave a Reply