Ee grousse Merci un déi super Equipe, déi e Samschdeg dës schnuckeleg Engelcher gebitzt huet.

Aus enger klenger Iddi ass eppes richteg Flottes entstanen, a mir hunn zesumme mat e puer Bewunner aus dem Institut St Joseph vu Betzder a mat super motivéierte Benevolen e Bitzdag ageluecht. Eraus koumen dës flott an individuell Engelcher, déi aus de gewiefte Stëfter vun den therapeuteschen Ateliere vu Betzder gemaach gi sinn.

Ech sinn immens frou an dankbar, dass dësen Dag méiglech war a mir sinn um plange fir Bitze mat Häerz di 3 🙂

Äert Lynn aus dem Duerftreff

 

un petit ange en voie de création

Bitze mat Häerz – en Engelchen an der Maach

Op et wuel e Grumpy ënnert den Engelcher gëtt???

Ganz fläisseg a ganz konzentréiert, sou en Engelche brauch vill Léift bis en do ass !

Leave a Reply