Villercher fidderen emol aneschters ;-).

Dës witzeg Männercher hu mir an enger däitscher Wierkstat bestallt, déi mat Leit mat Handicap schafft.

Vum 14. November un kritt Dir d’Bastelpackung bei eis ze kafen. Si kascht 7 EUR. An der Packung dran ass e Becher (dee kann en ëmmer erëm gebrauche fir datt de Männchen nees eppes op d’Rëpper kritt), eng Plattform, eng Silikonschnouer an den Holzmännchen. An natierlech och d’Uweisung, wéi d’Fudder gemëscht ka ginn. D’Fett an d’Kären si net an der Packung dran.

De Männchen ass 22cm héich a seng Äerm hunn och eng Spanwäit vun 22cm. Genuch Plaz fir d’Villercher fir sécher drop ze landen!

Passt op, datt Dir ongesalzent Fett huelt (vum Rand oder vum Schwäin) an et lues schmëlzt – am beschten am Bain Marie – duerno 2 Iessläffel Sonneblummenueleg ënnerréieren a mat  Käre mëschen. Wann alles haart ginn ass, aus dem Becher erauszéien a mat der Silikonschnouer ophänken. Awer esou héich, dat keng Kaz oder soss en Déier dru kënnt.

Wann Dir wëllt, schéckt eis eng Foto vun Äre Wantergäscht, mir freeën eis driwwer a publizéieren se gäeren op eisem Site.
Mat engem décke Merci am Viraus a ganz vill Freed mat Äerem Männchen.

 

P.S.  Hei kënnt Dir Iech d’Brochure “Nourrir les Oiseaux” vun “natur&emwëlt” eroflueden: http://www.naturemwelt.lu/natur-an-emwelt_Conseil-nature.44-2-0.html

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Leave a Reply