Am Buttek wibbelt et. Nei Schëlter hänken un de Regaler.

Wat hunn si sech da nëmmen dobäi geduecht??

Ma ganz einfach: Mir proposéieren Iech reegelméisseg gutt an einfach Rezepter, déi Dir ouni vill Opwand kënnt maachen. Fir datt Dir sécher sidd näischt ze vergiessen, hänke mir e Wobbler un d’Regal, wou Dir de Produit fannt. Sou kënnt Dir mat Äre Kanner eng lëschteg Juegd duerch de Buttek maachen, oder einfach séier alles zesummesichen, wat Dir braucht.

An der Keess  fannt Dir eng Kopie vum Rezept, déi Dir gäre kënnt mathuelen.

Well et elo méi ongemittlecht Wieder gëtt, hu mir eis geduecht eng gemittlech Raclette wier e gudden Ufank!

Mir proposéieren 5 Varianten:
  • Gromperen mat Kornichongen
  • Choufleur mat Mandelbliedercher
  • Kallefsschnitzel mat Roquefort
  • Pilzraclette mat Ham
  • Marshmallow-Spiissercher mat Litchi-Hambierzooss

Mir freeën eis iwwert Är Meenung a vläicht hutt Dir och en déck gutt Rezept, wat Dir wéilt mat eis deelen. Mir géifen eis riseg driwwer freeën.

Susana an di ganz Equippe vum Duerfbuttek