2 Bio- Orangen
4 Kanéilsstaangen
5 Neelcheskäpp
3 Stäerenanis
1 Vanillsstaang

Ech hunn d’Orangë gewäsch, gedréchent, a Scheiwe geschnidden an dann an kleng Dräiecker.
Fir 2-3 Stonne bei 70-max 100 Grad mat der Dir op an de Schäffchen, hänkt vun all Uewen natierlech of, léiwer e puer mol kontrolléieren, all 30 Minutten emol dréinen.
Dono sollen se dréche sinn, mee net schwaarz. (Mega lecker  se och esou ze iessen, an se richen et ass ee Genoss ;-))

Dann hunn ech all d‘Gewürzer an eng Tut gemaach a mat enger Baakrull alles kléng geschloen, eng Vanillsstaang ausgekraazt an drënner gemëscht.

Dann d’Gewürzer mat den Orangë mëschen an an e Glas fëllen, et richt mega, et gesäit super flott aus an et schmaacht no Chrëschtdag.

Fir Kanner mëscht een einfach 3 Läffel an 1 Liter Téi an och Läffelen Zocker oder bëssi Kandis, sou wéi et engem schmaacht.

Ech hunn et am Buttek emol mam Téi “Douceur de Noël” opgeschott, an emol mat “Citron Glacé” an et war 2 mol wierklech gutt.

Elo muss een  e bëssi experimentéiere wéi et jiddwerengem selwer am beschte schmaacht.

Ech perséinlech loossen di nächste Kéier d’Neelcheskäpp ewech, dat ass mir ze batter oder net mäin Goût.

Vill Spaass beim Probéiere wënscht Iech d’Lynn aus dem Duerftreff.

Leave a Reply