Zesumme mat der Gemeng an dem Jugendhaus organiséiert den Duerftreff Beim Lis fir 3. Kéier de Chrëschtmaart zu Rued beim Syrkus.

Ganz besonnesch frou si mir, datt mir dëst Joer de Label “Green Events” kritt hunn, an datt eis Beméiungen fir méi Nohaltegkeet vun alle Veräiner an Aussteller matgedroë ginn. Mir si richteg staark gefuerdert ginn an hunn eng laang Checklëscht duerchgeschafft,

mee et ass machbar!

 

Op green.events.lu fannt Dir déi detailléiert Recommandatioune fir e “Green Event” op d’Been ze setzen. Wann een sech 1 x richteg domadder ausernee gesat huet, ass et duerno ganz einfach !

Elo schonn e grousse Merci un iech alleguerten, datt dir eis dobäi hëlleft !

Op dësem Link fannt Dir eise Flyer: Flyer X-mas

An hei de Plang fir bei de Syrkus ze kommen: Accès Syrkus mam ëffentlechen Transport

Eise Chrëschtmaart ass op :

Freides, den 29. a samschdes, den 30. November von 16.00 – 21.00 Auer
Sonndes, den 1. Dezember von 12.00 – 20.00 Auer

Kee brauch Honger oder Duuscht ze leiden ;-). Eis Veräiner hu beschtens viirgesuergt:
Gegrilltes, Kniddelen, Gulaschzopp, Gromperekichelcher, Kannerpunsch, Glühwäin, Eisekuchen a Schneekegkeeten, alles an enger verzauberter Atmosphär bei eise festlech dekoréierten Chaletën.

Eng gemittlech Feierplaz fir datt kee kal gëtt a vill ganz schéin handgemaachten Chrëschtdekoratiounen, Petziën, Hitt, Schmuck, Holzaarbechten a kulinarisch Kaddosiddiën.

Freides Owes ass d’Jemax fir d’Musek zoustänneg.

Nom Besuch vum Kleeschen spillt d’Ouljer Musek och um Maart nach e klénge Concert. 

Mir freeën eis op flott geselleg Stonne mat iech zesummen!

 

 

Leave a Reply