Duerftreff

En Deel vum Buttek gëtt als Duerftreff animéiert, do kënnt Dir gemittlech eng Taass Kaffi drénken, e gutt Stéck Kuch iessen, dat soziaalt Zesummesinn genéissen, un Aktivitéiten deelhuelen a nach villes méi. Den aktuelle Programm, den d’Lynn fir Iech preparéiert huet, fannt Dir an dëser Rubrik. Kommt bei eis luussen, mir freeën eis op Iech.

Eis Missioun

Ëm wat geet et am Duerftreff?

Zesumme mat der Gemeng Betzder, déi eisen Duerftreff ënnerstëtzt, engagéiere mir eis fir:

  • de sozialen Zesummenhalt ze stäerken
  • e liewegen, inklusiven an intergenerationellen Austausch ze fërderen
  • di natierlech Ressourcen nohalteg ze entwéckelen an ze notzen, kuerz Weeër méiglech ze maachen, d’Qualitéit vun de regionale Servicer ze verbesseren an eng gutt Liewensqualitéit am ländleche Raum ze erhalen.

De Projet Duerftreff ass zäitgläich mat dem Duerfbuttek vum Grupp elisabeth an d’Liewe geruff ginn a gouf vun 2017 bis Ënn 2019 mat europäesche Fërdermëttel aus dem landwirtschaftlechen Strukturfonds –  Programm Leader – ënnerstëtzt.

Porteur Projet : Yolande asbl
Titre de Projet : Dorfladen und Sozial-Café Bowengsbierg – Entwicklung und nachhaltige Etablierung von Ausbildungs- und Arbeitsplätzen für Menschen mit intellektueller Beeinträchtigung

Kanneraktivitéiten

Lis Café

Eemol d’Woch mëttwochs war vun 13.30 bis 17.00 Auer  am Duerfbuttek de Lis Café. Soubal d’Covid-Situatioun et erëm zouléisst, fuere mir gäre mat dëser flotter Traditioun virun.

“A wat ass dat dann?” gi mir oft gefrot.
Mëttwochs verwandelt den Duerfbuttek sech an engem klengen Eck zu enger gemälleger Plaz wou jidderee wëllkomm ass, e Kaffi, e Waasser oder e gutt Stéck Kuch oder Dessert aus der Betzder Kichen ze genéissen. Eleng oder mat Famill, Frënn oder Bekannten, zéckt net a besicht eis.
Mir freeën eis op jidder eenzelen deen eraluusst, an hunn och d’Iddi gehat, datt mir ouni feste Präis fueren. Mir hunn e Leemfräsch do stoen, deen sech iwwer e klengen Don freet. Esou ka jiddereen deelhuelen, a kann dono dat an de Fräsch leeë, wat et him wäert ass. Eis geet et ëm d’Wäertschätze vun der Saach an net ëm de Profit. Soulaang mir dat an enger gudder Balance halen, wäerte mir eis nach op vill Lis Caféë freeë kënnen.

D’Workshoppen an aner Initiative vum Duerftreff

Mir ginn eis drun fir e villsäitegen, interessanten an inklusiven Programm unzebidden. Fir Grouss a manner Grouss an natierlech barrièrefräi. Den aktuelle Programm hänkt am Duerfbuttek aus, e gëtt op www.landakademie.lu ënnert « Duerftreff beim Lis » publizéiert an Dir fannt en  an der Rubrik “Kalenner” op dësem Site.

Programme

Mir freeën eis, wann Dir eis Newsletter abonnéiert fir ëmmer um lëschte Stand ze sinn. Si kënnt maximum 1-2 x pro Saison eraus.

Neiegkeeten

Adventsfënster 2022Duerftreff
5 October 2022

Adventsfënster 2022 an der Gemeng Betzder

Dëst Joer steet di 3 Editioun vun den Adventsfënsteren um Programm.   Wann et elo ëmmer…
DuerftreffNeiegkeetenWorkshop
8 August 2022

Inklusiv Schwammcouren fir Kanner ab 5 Joer

  Stonn den 22.09.22 18 Uhr Stonn den 24.09.22 13 Uhr Stonn den 27.09.22 18…
DuerfbuttekDuerftreffNeiegkeeten
29 June 2022

5 Joer Duerbuttek

  Den 1. Juni 2017 huet eisen Duerfbuttek seng Dieren opgemaach. Et kennt eis fir,…

Fir eis ze fannen

7, rue de la Gare
L-6910 Roodt-Syre
Luxembourg

Tel. 691 719 013

Projet cofinancé dans le cadre du PDR 2014-2020 par
Porteur Projet : Yolande asbl
Titre de Projet : Dorfladen und Sozial-Café Bowengsbierg – Entwicklung und nachhaltige Etablierung von Ausbildungs- und Arbeitsplätzen für Menschen mit intellektueller Beeinträchtigung