Eis Missioun

Den 30. Juni 2017 ass eis Gesellschaft “elisabeth4inclusion”, déi den Duerfbuttek geréiert, als eng vun den éischte Gesellschaften hei zu Lëtzebuerg als “société d’impact sociétal” (SIS) agreéiert ginn. Dësen Agreement (N°2017-03) hu mir kritt, well e ganz wichtegen Aspekt vum Duerfbuttek ass, Ausbildungs- an Aarbechtsplazen ze schafe fir Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung. De Buttek ass ideal fir hinnen ze hëllefen um normalen Aarbechtsmarché Fouss ze faassen, méi autonom ze ginn an sech esou méi liicht an d’Gesellschaft ze integréieren.

Datt dat hei zu Rued esou gutt klappt ass och Äre Verdéngscht. Mir si richteg frou schonn eng ganz Partie Stammklientë ze hunn. Fir den Agreement SIS ze behalen, wourop mir grousse Wäert leeën, ass eng vun eisen Oplagen de Benefice vum Duerfbuttek integral ze reinvestéiere fir dës Aktivitéit weider ze entwéckelen.

Wéi Dir sécher scho gemierkt hutt, sinn eis Präisser ganz kompetitiv, an dorunner soll sech och an Zukunft näischt änneren. Mir brauchen also virun allem Ëmsaz, an do ziele mir weiderhinn fest op Iech. Well un Iddien, wéi mir de Buttek virun entwéckelen an eist Sortiment fir Iech nach méi attraktiv maache kënnen, feelt et eis net. Awer et feelt ganz secher un Léier- an Aarbechtsplaze fir Leit mat Handicap.

Mir hoffen, Dir gesitt et grad esou wéi mir an hutt elo nach en Argument méi, fir gären a regelméisseg bei d’Lis akafen ze kommen.

Fir eis ze fannen

7, rue de la Gare
L-6910 Roodt-Syre
Luxembourg

Tel. 43 75 15-1
Fax. 43 75 15-99
epicerie@beimlis.lu