Vill méi wéi just eng Epicerie

Häerzlech wëllkomm “beim Lis”, eng vun den éischte “société d’impact sociétal” hei zu Lëtzebuerg. Si gehéiert zum Grupp elisabeth an ass 2017 gegrënnt gi fir Ausbildungs- an Aarbechtsplaze fir Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ze schafen. Den Duerfbuttek ass ideal fir hinnen ze hëllefen um normalen Aarbechtsmaart Fouss ze faassen, méi autonom ze ginn an sech esou méi liicht an d’Gesellschaft ze integréieren. Mir freeën eis op Äre Besuch a soen Iech e grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung. Bis geschwënn.

Découvrir nos deux activités

Duerfbuttek

„beim Lis“ fannt Dir nieft frëschem Brout, Uebst a Geméis, 7 Deeg op 7 e komplett Sortiment u Liewensmëttel an Drogerieartikelen, eng grouss Offer u regionalen a Fairtrade Produkter, grad esou wéi Artikelen, déi aus den Ateliere vum Grupp elisabeth oder aus aneren Ateliers protégés kommen. An Dir gitt beschtens bei eis zerwéiert :-).

En savoir plus

Duerftreff

En Deel vum Buttek gëtt als Duerftreff animéiert, do kënnt Dir gemittlech eng Taass Kaffi drénken, e gutt Stéck Kuch iessen, dat soziaalt Zesummesinn genéissen, un Aktivitéiten deelhuelen a nach villes méi. Den aktuelle Programm, den d’Lynn a seng Equipe fir Iech preparéiert huet, fannt Dir an dëser Rubrik. Kommt bei eis luussen, mir freeën eis op Iech.

En savoir plus

Neiegkeeten

DuerfbuttekNeiegkeetenNon classé
2 December 2019

Eis Ëffnungszäiten fir d’Feierdeeg 2019/20

DuerftreffNeiegkeeten
19 November 2019

Chrëschtmaart 2019 ganz ënner dem Motto Green Event

Zesumme mat der Gemeng an dem Jugendhaus organiséiert den Duerftreff Beim Lis fir 3. Kéier…
DuerfbuttekNeiegkeeten
25 September 2019

ONLY – All eis Bananen si Fairtrade

ONLY 100% Fairtrade and Organic Bananas An eisem Duerfbuttek kritt Dir dat ganz Joer iwwer…

Fir eis ze fannen

7, rue de la Gare
L-6910 Roodt-Syre
Luxembourg

Facebook