Vill méi wéi just eng Epicerie

Häerzlech wëllkomm “beim Lis”, eng vun den éischte “société d’impact sociétal” hei zu Lëtzebuerg. Si gehéiert zum Grupp elisabeth an ass 2017 gegrënnt gi fir Ausbildungs- an Aarbechtsplaze fir Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ze schafen. Den Duerfbuttek ass ideal fir hinnen ze hëllefen um normalen Aarbechtsmaart Fouss ze faassen, méi autonom ze ginn an sech esou méi liicht an d’Gesellschaft ze integréieren. Mir freeën eis op Äre Besuch a soen Iech e grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung. Bis geschwënn.

Découvrir nos deux activités

Duerfbuttek

„beim Lis“ fannt Dir nieft frëschem Brout, Uebst a Geméis, 7 Deeg op 7 e komplett Sortiment u Liewensmëttel an Drogerieartikelen, eng grouss Offer u regionalen a Fairtrade Produkter, grad esou wéi Artikelen, déi aus den Ateliere vum Grupp elisabeth oder aus aneren Ateliers protégés kommen. An Dir gitt beschtens bei eis zerwéiert :-).

En savoir plus

Duerftreff

En Deel vum Buttek gëtt als Duerftreff animéiert, do kënnt Dir gemittlech eng Taass Kaffi drénken, e gutt Stéck Kuch iessen, dat soziaalt Zesummesinn genéissen, un Aktivitéiten deelhuelen a nach villes méi. Den aktuelle Programm, den d’Lynn a seng Equipe fir Iech preparéiert huet, fannt Dir an dëser Rubrik. Kommt bei eis luussen, mir freeën eis op Iech.

En savoir plus

Neiegkeeten

Actualités
16 mai 2023

Portes Ouvertes à l’ISJB

Programme : 10:30-14:00:          visite guidée 11:00:                      messe à l'église paroissiale de Betzdorf A partir de…
ActualitésDuerfbuttek
10 octobre 2022

Impact Luxembourg – le nouveau label

Aujourd'hui, le 10 octobre 2022, l' U.L.E.S.S. (www.uless.lu) lance officiellement le label “Impact Luxembourg” pour…
ActualitésDuerfbuttekDuerftreff
29 juin 2022

5 ans déjà – grâce à vous

Le 1er juin 2017, notre épicerie a ouvert ses portes. Nous avons l'impression que c'était…

Fir eis ze fannen

7, rue de la Gare
L-6910 Roodt-Syre
Luxembourg

Facebook