Duerftreff

En Deel vum Buttek gëtt als Duerftreff animéiert, do kënnt Dir gemittlech eng Taass Kaffi drénken, e gutt Stéck Kuch iessen, dat soziaalt Zesummesinn genéissen, un Aktivitéiten deelhuelen a nach villes méi. Den aktuelle Programm, den d’Nora fir Iech preparéiert huet, fannt Dir an dëser Rubrik. Kommt bei eis luussen, mir freeën eis op Iech.

Eis Missioun

Ëm wat geet et am Duerftreff?

Zesumme mat der Gemeng Betzder, déi eisen Duerftreff ënnerstëtzt, engagéiere mir eis fir:

  • de sozialen Zesummenhalt ze stäerken
  • e liewegen, inklusiven an intergenerationellen Austausch ze fërderen
  • di natierlech Ressourcen nohalteg ze entwéckelen an ze notzen, kuerz Weeër méiglech ze maachen, d’Qualitéit vun de regionale Servicer ze verbesseren an eng gutt Liewensqualitéit am ländleche Raum ze erhalen.

De Projet Duerftreff ass zäitgläich mat dem Duerfbuttek vum Grupp elisabeth an d’Liewe geruff ginn a gouf vun 2017 bis Ënn 2019 mat europäesche Fërdermëttel aus dem landwirtschaftlechen Strukturfonds –  Programm Leader – ënnerstëtzt.

Porteur Projet : Yolande asbl
Titre de Projet : Dorfladen und Sozial-Café Bowengsbierg – Entwicklung und nachhaltige Etablierung von Ausbildungs- und Arbeitsplätzen für Menschen mit intellektueller Beeinträchtigung

D’Workshoppen an aner Initiative vum Duerftreff

Mir ginn eis drun fir e villsäitegen, interessanten an inklusiven Programm unzebidden. Fir Grouss a manner Grouss an natierlech barrièrefräi. Den aktuelle Programm hänkt am Duerfbuttek aus, e gëtt op www.landakademie.lu ënnert « Duerftreff beim Lis » publizéiert an Dir fannt en  an der Rubrik “Kalenner” op dësem Site.

Programme

Mir freeën eis, wann Dir eis Newsletter abonnéiert fir ëmmer um lëschte Stand ze sinn. Si kënnt maximum 1-2 x pro Saison eraus.

Fir eis ze fannen

7, rue de la Gare
L-6910 Roodt-Syre
Luxembourg

Tel. 691 719 013

Projet cofinancé dans le cadre du PDR 2014-2020 par
Porteur Projet : Yolande asbl
Titre de Projet : Dorfladen und Sozial-Café Bowengsbierg – Entwicklung und nachhaltige Etablierung von Ausbildungs- und Arbeitsplätzen für Menschen mit intellektueller Beeinträchtigung