De Summer ass voll am Gaang, a wat gëtt et Besseres wéi eng Ofkillung? An dat och nach a Form vun enger Glace!

Hei ass e super einfacht mee leckert Rezept fir eis kleng a grouss Glacë Liibhaber.

Dir braucht eng Waassermeloun, e puer Schokodropsen an e Mixer

  1. Am beschten all d’ Kären aus der Meloun eraushuelen. (Ech weess déi ësst ee mat, mee wann se bis püréiert sinn, schmaachen se nët sou gutt)
  2. Des Stécker 1 Stonn an den Tiefkühler leeën dass se scho liicht ugefruer sinn.
  3. D’Melounstécker mam Stabmixer püréieren, an se a kleng Glaceförmercher fëllen.
  4. Fir dass et dono ausgesäit als hätt se Kären e puer Schokodrops an Dëppchen dobäi maachen, a fir puer Stonnen an de Freezer….
    Hmmmmm

Wien wëll kann och nach Kokosmëllech an püréierte Kiwi drop schichten, dann gesäit et aus wei e richtegt Stéck Waassermeloun.

Waassermelouneglace mat enger klénger Couche Kokosmëllech a puréiertem Kiwi

Loost Iech se gutt schmaachen!