Am Wiewatelier zu Betzder leien an de Schief immens schéi Stëfter, déi d’Bewunner gewieft hunn.

Fir sech do ze stapelen, sinn se awer definitiv vill ze schued !!

An Zack hu mir e Bitzowend organiséiert an zesumme mat 5 Bewunner dës flott Poschen gebitzt, gutt gelaacht, heiansdo geflucht mee alles mat ganz vill Häerz.

En decken Merci un all déi, déi eis benevole ënnerstëtzt hunn !

A wëll et sou flott war, maache mir dat glat nach emol : )).

Samschdes, den 10 November vun 10.00-15.00 Auer bitze mir Engelcher.

Wien e bëssi bitze kann, Loscht an eng Grimmel Zäit huet, kann sech gäre bei eis mellen a weider Infoe kréien.

Et gëtt een ongezwongene Bitzdag wou jidderee kann hëllefe kommen, sou wéi et him grad geet, op fir eng Stonn oder de ganzen Dag.

Kommt eis eng Hand mat upaken, mir freeën eis op Iech !

Méi Information wéi gewinnt beim Lynn 691 719 013 oder beim Ina 691 719 014

 

 

 

Leave a Reply