Zanter dem 16. Abrëll hu mir beim Lis eng Rent-a-Bike-Statioun.
Haut sinn eis zwee Volontairinnen vum Duerfbuttek bis an den Institut St. Joseph op Betzder pedalléiert an hunn do eng gutt Erfrëschung an der Kantin genoss!
Ee flotten Tour vun ongeféier 3,6 km iwwert d’Vëlospist bei herrlechen Wieder.
Kommt och Dir bei eis a lount Iech e Velo, dësen kennt Dir bei all Rent a Bike Partner och erëm zeréckginn (zum Beispill zu Waasserbëlleg, Mäertert, Gréiwemaacher, an nach vill méi Plazen).
Den 1. Juni kënnt Dir och gäeren emol en Elektrovelo ausprobéieren, dat ass mega relax fir ze fueren 😉