Dir braucht 125 Gramm Botter, 125 Gramm Zocker, 1 Ee, eng 1/2 ausgekraazte Vanillsstaang an 250 Gramm Miel.

Liewensmëttelfaarf, ech géif Rosa huelen, mee d’Kanner tendéieren ëmmer zu alle Faarwen. Zum, Schluss nach Lutschestiller oder hëlze Spiissercher a ganz wichteg eng deck Portioun Léift.

Ech mëschen ëmmer de Botter mam Zocker, da kennt d’Vanill dobäi, d’Ee an d’Miel zum Schluss.

Wann den Deeg gutt gekniet ass, maachen ech 2 oder 4 Bullen, déi ech dann afierwen. Da kann et lass goen, maacht laang Strullen an dann ginn se kuerz verwéckelt oder getrëtzt an opgerullt wei eng Lutsch.

Op de Blech a bei 180 Grad +-10 bis 15 Minutte gebak, d’Stiller ginn direkt an den Deeg gestach wann se aus dem Schäffchen kommen, an nach waarm sinn.

Sou loosst iech et gutt schmaachen, ech sinn mir sécher Är Kanner wäerten begeeschtert sinn !

Leave a Reply