4 Owenter huet eise Petzi-Workshop gedauert. Et war wierklech eng ganz flott Equipe, wou een den aner super ënnerstëtzt huet. Sou waren dann och all d’Petzien fäerdeg ginn a konnten sech op de Wee an hiert neit Doheem maachen. En dëcke Merci u jiddfereen deen dobäi war.