Endlech sinn se ukomm! Eis exklusiv Briedercher, vum Service Communication vun elisabeth fir den Duerfbuttek entworf. Si kommen aus Däitschland vu Ricolor, dem Spezialist fir Briedercher schonn an der 3. Generatioun. Si si ganz stabil, kënnen ouni Problem an d’Spullmaschinn, verblatzen net a verdroen och Hëtzt bis max. 150°. Eng Top-Qualitéit un der Dir laang wäert Freed hunn.

Mir mengen, et misst fir all Goût eppes dobäi sinn, och där, déi engem e breet Grinsen an d’Gesiicht zauberen.

All eis ca 20 Motiver sinn an enger ganz limitéierter Oplag produzéiert ginn ( 5 – max. 50 jee no Motiv) an d’Briedercher kritt Dir just bei eis. Si kaschte 5 EUR TTC / Stéck.