Chargement Évènements

‹  Tous les Évènements

  • Cet évènement est passé

Slow flow Yoga

12 mai 2020 — 18 h 00 min - 19 h 15 min


€15

Dëse Cour fënnt ëmmer Dënschdes statt

An dësem éischter passiven Yogacours gëtt den Fokus op Entspanung vum Kierper an Geescht geluecht. Ganz lues geet et mat Hëllef vun Këssen, Decken,etc vun enger Positioun an déi nächsten eranfonnt. All Positioun gëtt 3 bis 5 Minutten gehalen, sou erreechs du eng douce awer effektiv Deenung an Entspanung vun dengem Muskel- an Fasziengewebe,an dat ganz ouni Leeschtungsdrock.

Fir wien ?

 

Duerch déi laang Haalzäiten vun den eenzelen Positiounen ass d Wierkung vun dësem Yoga immens effektiv. Déi eenzel Positiounen ginn ëmmer mat engem ronnen Réck gemaach an ouni Ustrengung ausgefouert. Doduerch erreechs du eng méi héich Beweegungsfräiheet, Rou am Kierper an Geescht an bass allgemeng méi flexibel an ausgeglach.

Sou hëlleft dësen Cours géint Verspanungen an eis dran an ass en immens hëllefräichen Ausgläich bei Stress am Alldag. Doduerch, dass den Réck bei dëser Yogaform ëmmer geschount gëtt, eegent en sech och fir Leit mat Réckeproblemer.

Op geeschtlechem Niveau hëlleft dat laangt leien an deenen eenzelen Positiounen däin Kapp nees méi mat dengem Kierper ze verbannen. Du leiers däin Kierper nees nei ze verstoen, auszeriichten an ze respektéieren. Lues an lues entwéckelt sech esou eng ganz nei Dankbarkeet fir däin Kierper an du gelaangs ganz automatesch zu ënnerlecher Rou an Zefriddenheet.

Facebooktwittermail

Détails

Date :
12 mai 2020
Heure :
18 h 00 min - 19 h 15 min
Prix :
€15
Catégorie d’Évènement:

Organisateur

Duerftreff beim Lis
Téléphone :
691 719 013
E-mail :
moien@beimlis.lu

Lieu

Bowéngsbierg zu Roodt/Syr
Roodt/Syr, Luxembourg + Google Map