Hei e puer Biller aus eisem Workshop an dem mir eng schéi Ouschterdekoratioun zesummegesat hunn. Mir haten eis Rendezvous ginn an der Zär vum Institut Saint Joseph zu Betzder an hunn ënnert der Uleedung vun der Floristin geléiert, Schrëtt fir Schrëtt esou e schéint Gesteck ze maachen. D’Ambiance war super a mir hunn eis gefreet, datt Inclusioun sou gutt fonctionnéiert. Jiddereen war herno richteg frou an huet säi Gesteck stolz mat heem geholl. Mir hoffen Dir hat laang Freed drun, an Dir hutt mëttlerweil Är Vase schon ëfters ëmdekoréiert ? »