Haut am Nomëtten gouf et Beim Lis – Duerfbuttek an Duerftreff erëm eis flott Kanneraktivitéit!
Haut hu mir d’Bastelsaachen mol agepaakt gelooss an sinn zesummen ob eng spannend an edukativ Fairtrade Rallye am Bësch zu Rued gaangen.
Ënnerwee kruten mir vill Informatiounen, wat Fairtrade iwwerhaapt ass an woufir et steet. Mir hunn och vill flott Spiller gemaacht, wei Puzzelstécker, déi ënnerwee verstoppt waren, ze fannen an ze léisen, een Fairtrade Memory an en Fairtrade Quiz gemaach an dat bescht natierlech zum Schluss den fantasteschen Fairtrade Schatz fonnt!
Mir soen der Equipe vun Fairtrade Lëtzebuerg asbl villmools Merci fir hier Zäit an Ënnerstëtzung.